par Claire Pierret | 8 Fév, 2024 | Non classifié(e)
Valorlux a SIGRE hunn ab Januar 2024 am Recyclingcenter an enger Iwwergangsphase eng nei, méi einfach Methode fir ze méi effizient Sammelen, Sortéieren a Recycling en place gesat.
6 Fraktiounen am Plaz vun 11.
Dës Ännerung betrëfft just den Tri zu Berbuerg am Recyclingcenter an net déi blo Tuuten!
Valorlux et le SIGRE vont entamer une phase de transition afin de rendre la collecte, le tri et le recyclage plus efficaces, mais également plus simples pour vous.
6 fractions de tri au lieu de 11
Ce changement ne concerne que le tri au Centre de Recyclage à Berbourg mais pas les sacs bleus!
Flyer
par Claire Pierret | 8 Fév, 2024 | Non classifié(e)
Wéinst Renovatiounsaarbechten ass d’Gemeng Donneschdes a Freides, de 15. a 16. Februar 2024, just limitéiert accessibel.
! Un dësen Deeg, kënne keng Cartes d’identité oder Päss gemaach ginn !
All aner Servicer si garantéiert. Mir bieden iech dës Deeg déi ënnescht Entrée ze notzen a mam Lift op den 1. (Population/Secretariat) respektiv 2. Stack (Service technique) ze fueren.
_______________________________________
A cause de travaux de rénovation, la mairie ne sera accessible que de manière limitée en dates du jeudi 15 et vendredi 16 février 2024.
! Aucune demande de carte d’identité ou de passeport ne pourra être effectuée !
Les autres services seront garanties. Nous vous prions d’utiliser l’entrée principale en bas du bâtiment et de prendre l’ascenseur pour accéder au 1er étage (Population/Secretariat) respectivement 2e étage (Service technique).
par Claire Pierret | 7 Fév, 2024 | Non classifié(e)
Opruff un déi Jugendlech
Du gees gäre babysitten oder du bitts anere Schüler Nohëllef un?
→Da mell dech am Sekretariat vun der Gemeng!
Mir erstellen op eisem Internetsite e Volet, op deems de dech kanns virstellen.
Interesséiert Eltere kënne sech dann am Sekretariat mellen a kréie vun eis deng Kontakt-Donnéeën.
Fir dech anzeschreiwen, schéck eng Mail op
secretariat@manternach.lu
an däers de ugëss:
- Däin Numm
- Däin Alter
- Sproochen déi’s du schwätz
- Disponibilitéit
- Kontakt – Telefon oder Mail
Wichteg Informatiounen déis de eis muss uginn:
Fir de Babysitting:
Hues du e Babysitter-Cours gemaach?
Hues du Erfarung?
Fir d’Nohëllef
Op wéi enger Klass bass du?
Fir wéi eng Fächer respektiv wéi eng Klasse bitts du Nohëllef un?
Andeems de dech op Grond vun dësem Opruff bei der Gemeng als Babysitter/Nohëllef mells, erkläers de dech domat averstanen, dass d‘Donneeën, déi’s de ugëss, am Kader vum Gesetz vum 25. Mee 2018 ofgespäichert an zum virgesinnen Zweck vertraulech genotzt ginn.
par Claire Pierret | 22 Jan, 2024 | Non classifié(e)
Vum 1. Februar 2024 un, huet d’Verwaltung vun der Gemeng Manternach zu folgenden Zäiten op:
A partir du 1er février 2024, l’Administration communale de Manternach sera ouverte au public comme suit:
Méindeg/ Lundi ; Dënsdeg/Mardi ; Donneschdeg/ Jeudi
08h30-11h30 & 14h00 – 16h00
Mëttwoch/Mercredi
07h00 – 08h30 – nëmmen op Rendez-vous / uniquement sur rendez-vous
08h30 – 11h30
mëttes zou / fermé l’après-midi
Freides / Vendredi
08h30 – 11h30
mëttes zou / fermé l’après-midi
par Claire Pierret | 22 Jan, 2024 | Non classifié(e)
De SIGRE deelt mat, dass d’Bio-Poubellen, déi en Donneschdeg wéinst dem Schnéi net konnten eidel gemaach ginn, haut, Méindeg, den 22. Januar 2024 eidel gemaach ginn.
Le SIGRE informe que les poubelles bio, qui n’ont pas pu être vidées jeudi passé à cause des conditions météorologiques, seront vidées aujourd’hui, lundi, le 22 janvier 2024.
par Claire Pierret | 18 Jan, 2024 | Non classifié(e)

UPDATE SCHOULTRANSPORT


Mir entschëllegen eis nach eng Kéier fir d’Emstänn, déi d’Leit de Moien hate fir d’Kanner an d’Schoul ze féieren.
Fir de Mëtteg ass den normale Retour vu Berbuerg an déi jeeweileg Dierfer duerch d’Busentreprise geplangt. Et kann awer zu liichte Verspéidunge kommen.
Falls sech hei eppes sollt änneren, informéire mir iech natierlech schnellstméiglech.
Merci fir äert Versteesdemech


Nous nous excusons encore une fois pour les désagréments que les gens ont pu rencontrer ce matin en amenant leurs enfants à l’école.
A midi, le retour normal depuis Berbourg vers les villages respectifs est prévu par l’entreprise de bus, éventuellement avec des petits retards.
Si quelque chose devait changer, nous vous informerons le plus rapidement possible.
Merci pour votre compréhension

________________________________________________
D’Busser hänken zu Mënjecker fest a komme net méi weider.
Mir schaffen mat allen Equipen drun, fir d’Strooss esou séier wéi méiglech fräi ze kréien.
D’Schoul fonktionnéiert awer normal.
Les bus sont bloqués à Münschecker et ne peuvent pour l’instant plus continuer leur route.
Nous travaillons avec toutes nos équipes pour dégager la route au plus vite possible.
L’école fonctionne normalement.
par Claire Pierret | 17 Jan, 2024 | Non classifié(e)
Wéinst der Alerte rouge, déi fir haut, 17. Januar 2024, ausgeruff ass, informéiere mir iech dass:
- d’Schoul haut zou bleift, den Accueil duerch Schoul bleift awer assuréiert
- de Schoultransport ofgesot ass
- d’Maison Relais an d’Crèche zu deenen normalen Zäiten funktionnéieren (Kontakt Maison Relais: 719363-57 / Crèche: 719363-53)
- d’Gemeng zou bleift, mir sinn awer zu deenen normalen Horairen telefonesch ze erreechen
- eis Streedéngschter de ganzen Dag am Asaz sinn
- de Repas sur roues haut geliwwert gëtt, et kann awer zu Verspéidunge kommen.
Passt gutt op iech op an déplacéiert iech just wann et onbedéngt muss sinn!
____________________
En raison de l’alerte rouge annoncée pour aujourd’hui, mercredi le 17 janvier 2024, nous vous informons que :
- l’école restera fermée. Un accueil est assuré par des enseignants
- la maison relais et la crèche fonctionnent pendant les horaires d’ouvertures connus (Contact Maison Relais: 719363-57 / Crèche: 719363-53
- le transport scolaire est annulé
- l’administration communale reste fermée. Vous pouvez nous joindre par téléphone
- le service de déblayage est assuré pendant toute la journée
- les repas sur roues seront livrés, mais que probablement le chauffeur aura du retard.
Soyez prudent et déplacez-vous seulement si c’est nécessaire.
par Claire Pierret | 16 Jan, 2024 | Non classifié(e)
par Claire Pierret | 9 Jan, 2024 | Non classifié(e)
De Rudden Hunn an d’Pompjeesfrënn CIS Manternach kommen e Samsdeg, den 13. Januar 2024 ab 8h00 d’Chrëschtbeemercher an der Gemeng asammelen.
D’Buergbrennen ass dëst Joer Samsdes, de 17. Februar 2024.
par Claire Pierret | 5 Jan, 2024 | Non classifié(e)
Och dëst Joer siche mir erëm motivéiert Schüler a Studente fir an der Summervakanz eis Equipen ze ënnerstëtzen.
Wann s du méi al wéi 17 Joer bass, da mell dech mat dësem Formulaire bis de 15. Mäerz 2024.
Um Formulaire fënns du och all néideg Informatiounen a Konditiounen.
Och de Synecosport ass op der Sich no Studenten fir an der Maison Relais ze hëllefen. De Formulaire fir dech ze melle fënns du hei.
____________________
Nous sommes à la recherche d’élèves et étudiants motivés pour renforcer nos équipes pendant les vacances d’été.
Tu es âgé de plus de 17 ans? Alors fais nous parvenir ta demande à l’aide de ce formulaire avant le 15 mars 2024.
Sur ce formulaire tu trouveras toutes les informations et conditions nécessaires.
Le Synecosport est aussi à la recherche d’étudiants pour la Maison relais. Le formulaire y relatif peut être téléchargé ici.
par Claire Pierret | 11 Déc, 2023 | Non classifié(e)
D’Joer 2023 geet sou lues op en Enn zou, an en vue vun de Feierdeeg, fir d’Joer ofzeschléissen, informéiert de Schäfferot vun der Gemeng Manternach, dass kee Freedefeier um Territoire vun der Gemeng erlaabt ass.
Dozou gehéieren esouwuel Knupperten, Rakéiten, wéi och aner explosiv Géigestänn.
Mir bieden d’Awunner sech un des Mesuren ze halen, aus dem Respekt zu de Matbierger, den Déieren an och der Ëmwelt.
De Schäfferot seet Merci fir Äert Verständnis a wënscht Iech schéi Feierdeeg.
À l’approche des fêtes de fin d’année, le collège échevinal de la Commune de Manternach tient à vous informer que tout comme les années passées, toutes sortes de feux d’artifice, comme l’usage de pétards et d’autres objets détonants similaires, ne sont plus tolérés.
Par conséquent, les habitants sont invités à respecter cette mesure, non seulement par respect pour le repos nocturne des gens, mais également par respect pour les animaux et l’environnement.
Le collège échevinal vous remercie pour l’attention que vous porterez à la présente et vous souhaite d’ores et déjà de bonne fêtes de fin d’année.
par Claire Pierret | 7 Déc, 2023 | Non classifié(e)
Gidd är Demande bis spéitstens de 15. Mäerz 2024 an der Recette vun der Gemeng of.
Veuillez remettre votre demande à la Recette Communale jusqu’au 15 mars 2024 au plus tard.
par Claire Pierret | 7 Déc, 2023 | Non classifié(e)
D’Ponts et Chaussées informeiert, dass den CR134 Mertert – Manternach, muer Freideg, den 8. Dezember 2023, fir de Verkéier gespaart ass, dëst wëll Leitplanken, déi durch ëmgestierzte Beem beschiedegt goufen, reparéiert gin.
Eng Deviatioun gëtt gezeechent.
___________________
L’administration des Ponts et Chaussées informe que le CR134 Mertert – Manternach sera barré à toute ciculation, vendredi, le 8 décembre 2023, en vue de la réparation de glissières de sécurité qui ont été endommagées par des arbres tombés.
Une déviation sera signalée.
par Claire Pierret | 24 Nov, 2023 | Non classifié(e)
Geschwënn ass et endlech rëm sou wäit, da schloe kleng Kannerhäerzer rëm méi héich, well de 5. Dezember kënnt de Kleeschen an d’ Duerf. (Berbuerg, Manternach, Mënjecker)
Wann Dir och gäre wëllt, datt de Kleesche mam Houseker de 5. Dezember mëttes ab 17 Auer bei Iech Heem kënnt, da fëllt w.e.g. de Coupon ënnen aus a schéckt en bis spéitstens den 1. Dezember dem Jo Haagen op Whatsapp, SMS (+352661200893) oder per Mail ( jo_haagen@hotmail.com ).
Fir dem Kleeschen et bëssche méi einfach ze maachen, kënnt Dir eis ee klengen Text iwwert d’Kand schreiwen a mat der Umeldung schécken.
Fir weider Informatioune rufft einfach un.
Fir Iech déi genee Auerzäit matzedeelen, gi mir Iech natierlech nach bescheed
Mir soen Iech schonn am Viraus villmools Merci,
Club des Jeunes Manternach
par Claire Pierret | 10 Nov, 2023 | Non classifié(e)
Opgrond vun der gerénger Nofro an deene leschte Joeren, huet de Schäfferot decidéiert, fir de Recycling-Center am Dezember ofzesoen.
Dee leschte Recycling fir dëst Joer ass deemno Samsdes, den 18. November 2023.
Merci fir är Versteesdemech.
De Schäfferot.
En raison de la faible demande constatée les années passées, le collège échevinal a décidé d’annuler le centre de recyclage du mois de décembre.
Le dernier jour d’ouverture pour cette année est alors fixé au samedi, 18 novembre 2023.
Merci pour votre compréhension.
Le collège échevinal.
par Claire Pierret | 6 Nov, 2023 | Non classifié(e)
Informatioun un d’Bierger
D’Streck tëschent Berbuerg a Brouch muss vu muer Dënsdeg, de 7. November un bis zum Enn vun den Aarbechten gespaart ginn.
Information aux citoyens
La route entre Berbourg et Brouch sera barrée à toute circulation à partir de mardi, 7 novembre 2023 jusqu’à la fin des travaux.
par Claire Pierret | 21 Oct, 2023 | Non classifié(e)
Aarbechten um Stroossebelag zu Berbourg
De Schäfferot deelt mat, dass wéinst Aarbechten um Stroossebelag, d’Duerfstrooss tëscht der Schull,- an der Weekerstrooss ganz gespaart wäert sinn, dëst vum 23/10/2023 7h00 bis de 24/10/2023 inclus.
Denkt w.e.g drun är Gefierer am Viraus ausserhalb vun den Ofspärungen ze parken.
De neie Stroossebelag däerf op kee Fall befuer ginn, éier d‘Stroossespäre vun der Ponts & Chaussées opgehuewe sinn.
Durch dëse Chantier gëtt och de Bustraffic beanträchtegt. Hei drënner fannt dir den Avis vum RGTR mat den Detailer vun deene betraffene Linnen.
Den Schäfferot seet Merci fir är Mataarbecht an äert Verständnes.
___________________________________________________
Travaux d’asphalte à Berbourg
Le collège des bourgmestre et échevins informe qu’à cause de travaux d’asphalte la rue Duerfstrooss sera barrée à toute circulation entre la rue Schullstrooss et Weekerstrooss à partir du 23/10/2023 7h00 jusqu’au 24/10/2023 inclus.
Veuillez-prendre soin de placer les voitures en dehors des routes barrées avant le début du barrage routier.
Il est strictement défendu de circuler sur la nouvelle couche d’asphalte avant la levée du barrage routier par les Ponts & Chaussées.
Le chantier aura des répercussions sur le traffic des autobus. Vous pouvez consulter l’avis de la part du RGTR ci-dessus.
Le collège échevinal vous remercie de votre compréhension et de votre collaboration.
AVIS Perturbation 2023/935 du 12.10.2023
Objet: Ligne 274, B15, B16, B17, B26 et C14
En raison de travaux forestiers, le C.R.135 entre Wecker et Berbourg sera barré à toute circulation du lundi 23 octobre 2023 au mardi 24 octobre 2023 inclus.
Les mesures suivantes seront prises pendant la durée des travaux:
Ligne 274 et B15
Les courses d’autobus concernées en provenance de Grevenmacher circuleront après la desserte de l’arrêt de Wecker-An der Schmëtt via le C.R.134 en direction de Manternach – à gauche C.R.137 vers Berbourg – suite itinéraire normale et vice-versa.
> Ne sera pas desservi l’arrêt de Berbourg-Kiirch.
Ligne B16
La course B16 6281 en provenance d’Echternach fera demi-tour après la desserte de l’arrêt de Berbourg-Schoulstrooss – suite itinéraire normal.
> Ne sera pas desservi l’arrêt de Berbourg-Kiirch.
Ligne B17
Les courses d’autobus concernées en provenance d’Echternach circuleront après la desserte de l’arrêt de Berbourg-Schoulstrooss directement via le C.R.137 vers Manternach et vice-versa.
> Ne sera pas desservi l’arrêt de Berbourg-Kiirch.
Ligne B26
Les courses d’autobus B26 5884 et -6988 auront leur terminus à l’arrêt de Berbourg-Schoulstrooss.
> Ne sera pas desservi l’arrêt de Berbourg-Kiirch.
Ligne C14
Les courses d’autobus concernées feront demi-tour après la desserte de l’arrêt de Berbourg-Schoulstrooss – suite itinéraire normal et vice-versa.
> Ne sera pas desservi l’arrêt de Berbourg-Kiirch.
par Claire Pierret | 10 Oct, 2023 | Non classifié(e)
D’Busentreprisë si vu Säite vum RGTR nach eng Kéier op dëse Chantier opmierksam gemaach a gebiede ginn, hir Chauffeuren nach eng Kéier dorop hinzeweisen, sech un d’Deviatioun ze halen.
Mir bieden iech déi weider Onannehmlechkeeten ze entschëllegen a soe Merci fir äert Verständnis.
Le RGTR vient d’informer les entreprises de bus à rappeler à leurs chauffeurs de respecter la déviation.
Nous vous prions d’excuser ces inconvénients et vous remercions de votre compréhension.
par Claire Pierret | 4 Oct, 2023 | Non classifié(e)
Wéinst Aarbechten ass de PN71 zu Wecker vun e Freideg, 6. Oktober 2023 um 22h00 bis e Méindeg, 9. Oktober 2023 um 6h00 fir de Verkéier gespaart.
Den RTGR informéiert, dass d’Busser vum Potaschbierg aus iwwer Wecker-Gare (Härebierg) a Richtung Schorenshaff op Manternach fueren.
D’Arrêten Wecker, an der Schmëtt a Berbuerg, Kiirch gi wärend där Zäit net ugefuer
En raison de travaux routiers, le PN71 à Wecker sera barrée à toute circulation du vendredi 6 octobre 2023,
22h00 au lundi 9 octobre 2023, 6h00.
Le RGTR informe que les courses d’autobus concernées en provenance de Potaschbierg seront déviées après la desserte de l’arrêt de Wecker-Gare via le C.R.134 (rue Härebierg) – C.R.133 en direction de Schorenshaff – C.R.139/C.R.137 en direction de Manternach.
Ne seront pas desservis les arrêts de Wecker-An der Schmëtt et Berbourg-Kiirch.
par Claire Pierret | 2 Oct, 2023 | Non classifié(e)
Informatioun un d’Awunner vun der Gemeng Manternach
E Mëttwoch, de 4. Oktober 2023 ab 8h00 Auer ass Sperrmüllsammlung an der Gemeng Manternach. Wann Dir Sperrmüll hutt fir ewech ze huelen, biede mir Iech bis spéitstens den 3. Oktober um 16h00 Auer, eng Demande op technique@manternach.lu ze maachen, mat Ären Donnéeën, fir dass de Service Technique den Oflaf organiséiere kann.
Fir all ugefaangene M3 kritt Dir no der Collecte 20.- € verrechent. Dat entspriechend
Reglement fannt Dir
hei .
All 3. Samschdeg am Mount kënnt dir och nach ëmmer äre Sperrmüll gratis an eisem Recycling Center zu Berbuerg ofginn.
______________________________________
Aux habitants de la Commune de Manternach
Le ramassage des déchets encombrants aura lieu le 4 octobre 2023 à partir de 8h00 heures. Les personnes qui désirent que leurs déchets soient ramassés, sont priées de faire leur demande, au plus tard le 3 octobre 2023, via email au technique@manternach.lu, avec leurs données pour que le Service technique puisse organiser la collecte.
Les coûts de 20.- € par m3 entier ou entamé vous seront facturés après la collecte. Vous trouverez le règlement y relatif
ici .
Vous pouvez toujours profiter de notre Centre de recyclage gratuit à Berbourg pour déposer vos déchets encombrants chaque 3e samedi du mois.
par Claire Pierret | 26 Sep, 2023 | Non classifié(e)
Mir erënneren nach eng Kéier drun, dass d’Enveloppë fir d’Bréifwal net däerfen an d’Boîte vun der Gemeng gehäit ginn.
Dir musst d’Enveloppen entweder op der Post ofginn oder an eng Boîte vun der Post geheien, d’Enveloppë gi vun der Post gesammelt a Sonndes an de Walbüro bruecht, all aner d’Enveloppë sinn net valabel!
par Claire Pierret | 25 Sep, 2023 | Non classifié(e)
D’Gemeng Manternach invitéiert iech e
Mëttwoch, de 27. September 2023, um 19.00h
op d’Schüler- a Sportleréierung am Centre Beaurepaire zu Berbuerg.
Hei ginn d’Schüler a Sportler fir hier Verdéngschter a Resultater vum Schouljoer / der Saison 2022-2023 geéiert. Dir sidd häerzlech agelueden un dëser Feierlechkeet deel ze huelen.
De Schäfferot
Jean-Pierre HOFFMANN, Buergermeeschter
Claude THEISEN an Alix KLEIN-UNGEHEUER, Schäffen
par Claire Pierret | 20 Sep, 2023 | Non classifié(e)
Op hirem Wee vu Mäertert bis op Veianen passéieren d’Coureuren viraussiichtlech tëschent 12h53 an 13h09 eis Gemeng vu Lelleg aus op Manternach an dann duerch de Syrdall op Berbuerg Richtung Bech.

D’Strecken gi vun 12h45 un bis zum Passage vum leschte Coureur gespaart

.
Mir soen iech Merci fir äert Verständnis a wënsche
jidderengem eng flott Course.
Pendant leur trajet de Mertert à Vianden, le passage dans notre commune est programmée entre 12h53 et 13h09. En venant de Lellig direction Manternach ils passeront le Syrdall pour parcourir la localité de Berbourg direction Bech.

Le parcours sera barré à toute circulation à partir de 12h45 et jusqu’au passage du dernier coureur

Nous vous remercions de votre compréhension et souhaitons un belle course à tout le monde
par Claire Pierret | 14 Sep, 2023 | Non classifié(e)
De Schäffen- a Gemengerot wënscht alle Kanner an dem Léierpersonal eng gutt Rentrée an e flott Schouljoer!
Mir bieden all d’Automobilisten, wéi ëmmer, gutt op d’Kanner opzepassen. Passt w.e.g. Är Vitesse an den Dierfer a virun allem ronderëm d’Schoul un !
par Claire Pierret | 21 Août, 2023 | Non classifié(e)
De nächste Weekend féiert de Velossummer 2023 mam Sir-Sauer-Musel-Tour duerch eis schéi Gemeng.
!Am Kader vun dësem Tour sinn d’Stroossen tëschent Manternach a Mäertert an tëschent Manternach a Wecker fir de Verkéier gespaart!
par Claire Pierret | 2 Août, 2023 | Non classifié(e)
Fir eis Sportleréierung, déi dëst Joer Mëttwochs, de 27. September 2023 wäert stattfannen, ze preparéieren, invitéiert de Schäfferot all Sportler a Veräiner aus eiser Gemeng, eis bis spéitstens Freides, den 8. September 2023, hir Resultater vun der Saison 2022/2023 matzedeelen.
Manternach, den 2. August 2023
De Schäfferot
Jean-Pierre HOFFMANN, Buergermeeschter
Claude THEISEN an
Alix KLEIN-UNGEHEUER, Schäffen
Fir folgend Resultater kënne Subsiden ugefrot ginn:
- Sport individuel : Championnat national : 1ère place ; 2e place et 3e place ;
- Sport collectif/sport d’équipes : Championnat national / Coupe nationale / Promotion ;
- Exploits exceptionnels.
par Claire Pierret | 21 Juil, 2023 | Non classifié(e)
Opruff un d’Bierger aus der Gemeng Manternach
Avis aux habitants de la Commune de Manternach
Fir de Bierger eng aktiv Bedeelegung um Ausschaffe vu Projeten an der Léisung vun eventuell an der Gemeng bestoende Problemer ze erméiglechen, kann all Bierger aus der Gemeng seng Kandidatur stellen, fir sech an de berodende Kommissioune vun der Gemeng ze engagéieren.
Fëllt heivir dëse Formulaire aus a gitt e bis spéitstens den 12. September 2023 am Sekretariat vun der Gemeng of.
Afin de permettre aux citoyens de participer activement à l’élaboration de projets et à la résolution d’éventuels problèmes touchant notre commune, tout citoyen peut poser sa candidature afin de s’engager dans les différentes commissions consultatives.
Il suffit de remplir ce formulaire et de le remettre au secretariat de la commune jusqu’au 12 septembre 2023.
par Claire Pierret | 21 Juil, 2023 | Non classifié(e)
Hei fannt dir d’Demande fir de Subside fir d’Schüler an d’Studenten fir d’Schouljoer 2022/2023. Leschten Délai fir d’Demande mat de Piecen am Sekretariat vun der Gemeng ofzeginn ass den 8. September 2023.
____________________________
Cliquez ici pour accéder au formulaire du subside pour étudiants pour l’année scolaire 2022/2023. Le formulaire ainsi que les pièces à joindre sont à déposer au secretariat de la commune au plus tard le 8 septembre 2023.
par Claire Pierret | 19 Juil, 2023 | Non classifié(e)
De Laboratoire Bionext deelt mat, dass sie, op Grond vun technesche Problemer, de Service vum Labomobile zu Manternach bis d’Rentrée am September net kënnen ubidden.
Zu Berbuerg leeft de Service awer normal weider.
Hei fannt dir den aktuelle Flyer.
Le Laboratoire Bionext informe que le passage du Labomobile à Manternach doit être suspendu jusqu’à la rentrée en septembre à cause de problèmes techniques.
Le passage à Berbourg reste cependant garanti.
Vous pouvez consulter le flyer actuel ici.
par Claire Pierret | 21 Juin, 2023 | Non classifié(e)
Wéinst dem Nationalfeierdag e Freideg, den 23. Juni 2023, gëtt d’Collecte vum Hausmüll op en Donneschdeg, 22. Juni 2023 virverluecht.
En raison de la Fête nationale, vendredi, le 23 juin 2023, la collecte des immondices est avancée au jeudi, 22 juin 2023.
par Claire Pierret | 19 Juin, 2023 | Non classifié(e)
Nous avons l’honneur d’ annoncer que KARIBU organisera ensemble avec l’Administration Communale de Manternach et la Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois (F.S.C.L.)
les 21, 24 et 25 juin 2023
les championnats nationaux de cyclisme sur route 2023 à Berbourg.
Avec la présence des meilleurs coureurs luxembourgeois professionnels et amateurs (masculins et féminins) , ces championnats luxembourgeois sur les routes autour de Berbourg, Manternach et Herborn présenteront une belle affiche du sport au plus haut niveau, mais également des courses pour jeunes et Masters.
Animation jeunes et restauration sont garanties sur place par les clubs locaux.
Le départ et l’arrivée des différentes épreuves sont situés devant le Centre Culturel Beaurepaire à Berbourg (Schoulstrooss).
Un flyer avec tous les détails est disponible sous https://manternach.lu/wp-content/uploads/2023/06/2023.06.19_Karibu_Flyer.pdf
Malheureusement, une telle manifestation engendre des perturbations du traffic pour les riverains, essentiellement dans le village de Berbourg (voir détails au verso).
Nous espérons cependant que vous pourrez passer un excellent week-end, pourquoi pas en profitant du spectacle offert par les coureurs.
COURSES CONTRE-LA-MONTRE
DAMES / MASTERS / JUNIORS /
ESPOIRS / ELITE
PARCOURS (CIRCUIT 1)
BERBOURG – MANTERNACH – BERBOURG
Le parcours du contre-la-montre est entièrement fermé au traffic entre 16h00 et 21h00.
Le stationnement le long de la route sera également interdit sur l’entièreté du parcours.
Sont concernées les rues et routes suivantes :
– CR137 entre Berbourg et Manternach
– Ale Berbuerger Wee à Manternach
– Neie Wee à Berbourg.
13h00 – 19h45 :
COURSES EN LIGNE
CADETS / MINIMES /DEBUTANTS
MASTERS
PARCOURS (CIRCUIT 2)
BERBOURG – MANTERNACH – BERBOURG
Aucune route ne sera fermée, mais le parcours
emprunté par la course sera à sens unique, dans le
sens de la course. Le stationnement le long de la
route sera également interdit sur l’entièreté du
parcours.
Sont concernées les rues et routes suivantes:
– CR137 entre Berbourg et Manternach
– Ale Berbuerger Wee à Manternach
– Neie Wee, Weckerstrooss, Duerfstrooss
et Schoulstrooss à Berbourg.
10h00 – 18h00 :
COURSES EN LIGNE
JUNIORS / DAMES /ESPOIRS / ELITE
PARCOURS (CIRCUIT 3)
BERBOURG – MANTERNACH – BERBOURG
DIRECTION BECH – DIRECTION JOCKELSBIERG
DIRECTION HERBORN – BERBORN
Les points chauds pour voir et encourager les cyclistes :
-Mercredi : centre culturel et montée ale Berbuerger Wee à Manternach
-Samedi : centre culturel , montée ale Berbuerger Wee à Manternach , Café beim Beichtstull
-Dimanche : centre culturel, montée ale Berbuerger Wee à Manternach, Café beim Beichtstull, Cimetière, montée vers Jockelsbierg, Montée vers Berbourg ( en venant de Herborn )
par Claire Pierret | 15 Juin, 2023 | Non classifié(e)
De Nationalfeierdag gëtt eis all Joer d’Geleeënheet, eis Verbonnenheet mat eisem Grand-Duc an eisem Land auszedrécken.
Gläichzäiteg kommen d’Bierger de politesch Responsabele méi no, an déi nei Bierger ginn an der Gemeng opgeholl.
De Schäffen- a Gemengerot invitéiert duerfir all Perséinlechkeeten, Veräiner a Clibb, op d‘Festivitéiten, déi um Virowend vum Nationalfeierdag zu Lelleg wäerte stattfannen.
Oflaf:
- 18h30 «Te Deum» an der Kierch zu Lelleg
- Cortège vun der Kierch bis an de Centre Kräizstrooss
- Ried vum Buergermeeschter
- Éierewäin
- Gemittlechen Owend mat Musék
Mat beschte Gréiss.
De Schäfferot :
Jean-Pierre Hoffmann, Buergermeeschter,
Alix Klein-Ungeheuer a Claude Theisen, Schäffen
par Claire Pierret | 7 Juin, 2023 | Non classifié(e)
par Claire Pierret | 2 Juin, 2023 | Non classifié(e)
De Labomobile – elo och zu Manternach!
Ab Freides, de 5. Mee 2023 (gerued Wochen)
Berbuerg, Duerfplaz
07:00 – 08:30
Manternach, Parking CFL
09:30 – 11:30
Fir: Bluttanalysen, Covid-19-Tester, Urin-Analysen, Dépôt vun anere Prouwen.
Et ass conseilléiert e Rendez-vous ze huelen.
Fir weider Informatiounen kuckt op www.bionext.lu/labomobile
A partir du vendredi, 5 mai 2023 (semaines paires)
Berbourg, Place du village
07:00 – 08:30
Manternach, parking CFL
09:30 – 11:30
Tous prélèvements: Prise de sang, Covid-19, Urines, Dépôts d’échantillons.
Prise de Rendez-vous conseillée
Pour tout renseignement supplémentaire, veuillez consulter www.bionext.lu/labomobile
par Claire Pierret | 25 Mai, 2023 | Non classifié(e)
par Claire Pierret | 15 Mai, 2023 | Non classifié(e)

Klenge Rappel

Wéinst dem Feierdag en Donneschdeg, den 18. Mee 2023, sinn d’Collecte vu Pabeier, Glas, Bio, Valorlux a Grünschnitt dës Woch wéi follegt verréckelt ginn

Suite au jour férié, jeudi, le 18 mai 2023, les collectes de vieux verre et papier, bio, Valorlux et verdure ont été reprogrammées comme suit

Dënsdeg/mardi 16.05.2023: Glas & Pabeier / vieux verre et papier
Mëttwoch/mercredi 17.05.2023: Bio
Freideg/vendredi 19.05.2023: Grünschnitt / verdure
Samsdeg/samedi 20.05.2023: Valorlux
par Claire Pierret | 4 Mai, 2023 | Non classifié(e)
par Claire Pierret | 4 Mai, 2023 | Non classifié(e)
par Claire Pierret | 28 Avr, 2023 | Non classifié(e)
Vun e Mëttwoch, 3.5.2023, bis en Donneschdeg, 4.5.2023, gëtt d’Strooss tëschent Manternach a Lelleg, vun der Kräizung bis an d’Entree vu Lelleg gespaart. Eng Deviatioun gëtt op der Plaaz ausgeschëldert.
__________________________
Route barrée entre Manternach et Lellig du mercredi, 3.5.2023, au jeudi, 4.5.2023 entre le croisement et l’entrée de Lellig. Une déviation sera mise en place.
par Claire Pierret | 21 Avr, 2023 | Non classifié(e)
Feiert mat Äre Noperen!
Firwat e Nopeschfest?
Seng Noperen ze invitéieren verbessert de
sozialen Zesummenhalt, d’Gesellegkeet an
d’Solidaritéit am Quartier oder am Duerf. Dat ass
de Sënn an Zweck vum Europäesche Fest vun
de Noperen, dat dëst Joer Freides den 26. Mee
stattfënnt. Mat den éischte Schratt a stellt Iech
bei de Nopere vir, déi Dir nach net kennt.
Wien organiséiert d’Nopeschfest ?
Dir, andeems der Är Noperen invitéiert.
Wou soll d’Nopeschfest stattfannen ?
Am Haff oder an der Entrée, am Gaart oder an
engem Appartement, op enger ëffentlecher Plaz,
an engem Park oder einfach op der Strooss…
Wéi soll d’Nopeschfest organiséiert
ginn ?
– Kontaktéiert d’ Gemeng fir Hëllef an
Ënnerstëtzung mat den Invitatiounen, de
Reklamm-Baatschen, Oofspäergitter
(d’Gemeng Manternach huet leider keng Bänken an
Dëscher fir zur Verfügung ze stellen).
– Lued d’Affiche, Flyeren an d’Invitatiounen
erof op nopeschfest.lu .
– Hänkt Plakater op a verdeelt Invitatiounen
mam Datum, der Auerzäit an der Plaz un
Är Noperen.
– Organiséiert d’Fest zesumme mat deenen
Noperen, déi der am Beschte kennt.
– Eenegt Iech op eng Form fir d’Fest: en
einfachen Aperitif, en Zallotebuffet, e
Grillfest, en Dessertsconcours, ….
Denkt och un d’Kanner!
– Jidderee kann hëllefen an eppes fir ze iessen
oder ze drénke matbréngen.
– Denkt och un d’Dekoratioun an un d’Musek,
mee respektéiert déi Noperen, déi net wëllen
deelhuelen.
par Claire Pierret | 17 Mar, 2023 | Non classifié(e)
Kandidaten fir d’Gemengewalen den 11. Juni 2023
Jean-Pierre “Jempi” HOFFMANN, 36
Manternach
Alix UNGEHEUER ép. KLEIN, 66
Lellig
Claude THEISEN, 42
Manternach
Henriette KLEIN-SEIL, 64
Berbuerg
Rosi LEHMANN ép. THOSS, 67
Mënjecker
Fränk HELLERS, 48
Manternach
Stéphanie GRETSCH, 38
Berbuerg
Michael IBENDAHL, 44
Berbuerg
Jeanne LERUTH, 29
Berbuerg
Marc SCHOELLEN, 42
Berbuerg
Instruktioune fir d’Bréifwal / Instructions pour le vote par correspondance

D’Dokumenter fir d’Bréifwal sinn dës Woch un all d’Bierger geschéckt ginn, déi sech tëschent dem 20.03 a 17.05.2023 heivir ageschriwwen hunn.
An ärer Enveloppe fannt dir:

är Convocatioun

d’Instruktioune fir de Wieler

e Specimen mat der Lëscht vun de Kandidaten

e bloë Walziedel

eng brong Enveloppe “Contenu: Bulletin de vote”

eng giel Enveloppe fir de Walziedel zréckzeschécken.

Wann dir äre Walziedel ausgefëllt hutt (maximal 9 Stëmmen kënnt dir verginn), stiecht der dëse gefaalt an déi brong Enveloppe “Contenu: Bulletin de vote” a pecht se zou.

Dono stiecht der déi brong Enveloppe an déi giel Enveloppe, fir de Retour. Dës brauch net affranchéiert ze ginn.

WICHTEG

Déi giel Enveloppe muss mat der Post geschéckt ginn (entweder am Guichet vun der Post ofginn oder an eng Post-Breifboîte geheien), dir däerft se net op der Gemeng ofginn oder an d’Boîte vun der Gemeng geheien!

Au cours de cette semaine, les documents pour le vote par correspondance ont été envoyés à tous les électeurs qui ont opté pour le vote par correspondance entre le 20.03 et 17.05.2023.
Dans votre enveloppe vous trouverez:

votre convocation

les instructions pour les électeurs

un specimen de la liste des candidats

un bulletin de vote bleu

un enveloppe brune avec l’inscription “Contenu: Bulletin de vote”

une enveloppe jaune pour le retour

après avoir rempli le bulletin de vote (vous disposez de 9 voix au maximum), vous déposez le bulletin de vote plié dans l’enveloppe “Contenu: Bulletin de vote” et vous la fermez.

Après vous mettez cette enveloppe dans l’enveloppe jaune pour le retour. Il ne faut pas l’affranchir.

IMPORTANT

L’enveloppe jaune doit être envoyée par courrier postal (soit en la déposant dans un point Post soit dans une boîte à lettres Post).
Elle ne pourra pas être déposée aux bureaux ni dans la boîte à lettres de l’Administration communale.
Composition des bureaux électoraux
𝐒𝐚𝐦𝐬𝐝𝐞𝐠/𝐒𝐚𝐦𝐞𝐝𝐢, 𝟏𝟖.𝟎𝟑.𝟐𝟎𝟐𝟑: Journée nationale de l’inscription aux élections communales / Nationaler Tag der Anmeldung zur Gemeindewahl
D’Gemeng ass op vun 9h30 bis 11h30 a vun 14h00 bis 16h00 fir d’Aschreiwunge vun den auslännesche Matbierger entgéint ze huelen.
L’administration communale sera ouverte de 9h30 à 11h30 et de 14h00 à 16h00 pour
l’inscription sur les listes électorales des citoyens étrangers.
Méi Informatiounen op:
Aschreiwung fir d’Bréifwal / Inscription vote par correspondance
𝐀𝐛 𝐞 𝐌𝐞́𝐢𝐧𝐝𝐞𝐠 / 𝐚̀ 𝐩𝐚𝐫𝐭𝐢𝐫 𝐝𝐞 𝐥𝐮𝐧𝐝𝐢, 𝟐𝟎.𝟎𝟑.𝟐𝟎𝟐𝟑:

per schrëftlech Demande, déi der op der Gemeng kënnt ofginn / via demande écrite à déposer auprès de l’administration communale.
𝑲𝑨𝑵𝑫𝑰𝑫𝑨𝑻𝑼𝑹𝑬𝑵 𝑭𝑰𝑹 𝑫’𝑮𝑬𝑴𝑬𝑵𝑮𝑬𝑾𝑨𝑳𝑬𝑵 / 𝑪𝑨𝑵𝑫𝑰𝑫𝑨𝑻𝑼𝑹𝑬𝑺 𝑷𝑶𝑼𝑹 𝑳𝑬𝑺 𝑬𝑳𝑬𝑪𝑻𝑰𝑶𝑵𝑺 𝑪𝑶𝑴𝑴𝑼𝑵𝑨𝑳𝑬𝑺
D’Presidentin vum Haaptwahlbüro fir d’Gemengewalen vum 11. Juni 2023 informéiert, dass d’Aschreiwungen fir d’Kandidaten an d’Ernennung vun Zeien u folgenden Deeg an Zäiten am Sëtzungssall vun der Gemeng zu Manternach entgéint geholl ginn:
den 31.03.2023 vun 08:30 bis 11:30 Auer an
den 12.04.2023 vu 14:00 bis 18:00 Auer.
De leschten Delai fir d’Aschreiwung ass den 12.04.2023 um 18:00 Auer.
No dësem Delai ka keng Deklaratioun méi ugeholl ginn.
Déi néideg Formulairen sinn un deenen zwee Deeg an der Gemeng disponibel.
____________________________________________
La Présidente du bureau principal pour les élections communales du 11 juin 2023 recevra les déclarations de candidats et les désignations de témoins dans la salle de réunion de la Mairie de Manternach:
le 31.03.2023 de 08:30 à 11:30 heures et
le 12.04.2023 de 14:00 à 18:00 heures.
Le dernier délai utile pour faire les déclarations est le 12.04.2023 à 18:00 heures.
Passé ce délai, aucune déclaration de candidats ne sera plus recevable.
Les formulaires nécessaires sont mis à disposition à la mairie.
Hei fannt dir d’Lëscht vun de Kandidate fir d’Gemengewale vum 11. Juni 2023.
Cliquez ici pour accèder à la liste des candidats pour les élections du 11 juin 2023.
Déi provisoresch Wielerlëschte leie vum 18. bis de 25. Abrëll 2023 op der Gemeng Manternach op fir d’Inspectioun duerch de Public.
Les listes électorales provisoires sont déposées à l’inspection du public du 18 au 25 avril 2023 à la Commune de Manternach.
par Claire Pierret | 3 Mar, 2023 | Non classifié(e)
𝑲𝑨𝑵𝑫𝑰𝑫𝑨𝑻𝑼𝑹𝑬𝑵 𝑭𝑰𝑹 𝑫’𝑮𝑬𝑴𝑬𝑵𝑮𝑬𝑾𝑨𝑳𝑬𝑵 / 𝑪𝑨𝑵𝑫𝑰𝑫𝑨𝑻𝑼𝑹𝑬𝑺 𝑷𝑶𝑼𝑹 𝑳𝑬𝑺 𝑬𝑳𝑬𝑪𝑻𝑰𝑶𝑵𝑺 𝑪𝑶𝑴𝑴𝑼𝑵𝑨𝑳𝑬𝑺
D’Presidentin vum Haaptwahlbüro fir d’Gemengewalen vum 11. Juni 2023 informéiert, dass d’Aschreiwungen fir d’Kandidaten an d’Ernennung vun Zeien u folgenden Deeg an Zäiten am Sëtzungssall vun der Gemeng zu Manternach entgéint geholl ginn:
den 31.03.2023 vun 08:30 bis 11:30 Auer an
den 12.04.2023 vu 14:00 bis 18:00 Auer.
De
leschten Delai fir d’Aschreiwung ass den 12.04.2023 um 18:00 Auer.
No dësem Delai ka keng Deklaratioun méi ugeholl ginn.
Déi néideg
Formulairen sinn un deenen zwee Deeg an der Gemeng disponibel.
____________________________________________
La Présidente du bureau principal pour les élections communales du 11 juin 2023 recevra les déclarations de candidats et les désignations de témoins dans la salle de réunion de la Mairie de Manternach:
le 31.03.2023 de 08:30 à 11:30 heures et
le 12.04.2023 de 14:00 à 18:00 heures.
Le dernier délai utile pour faire les déclarations est le 12.04.2023 à 18:00 heures.
Passé ce délai, aucune déclaration de candidats ne sera plus recevable.
Les
formulaires nécessaires sont mis à disposition à la mairie.
par Claire Pierret | 2 Mar, 2023 | Non classifié(e)
D’Jugend- a Sportskommissioun vun der Gemeng Manternach organiséiert e Lafcours fir “Anfänger und Wiedereinsteiger” zu Berbuerg.
Mellt iech séier un – d’Plaaze si limitéiert!
Méi Informatioune fannt dir hei .
La Commission des Jeunes et du Sport de la Commune de Manternach organise un cours de jogging débutants à Berbourg.
Inscrivez-vous vite – les places sont limitées!
Pour plus d’informations, veuillez cliquer ici .
par Claire Pierret | 9 Fév, 2023 | Non classifié(e)
Wéinst Bëschaarbechten gëtt den CR135 tëschent Wecker a Berbuerg
vun e Méindeg, 13. bis en Donneschdeg 16.02.2023 inclus fir de Verkéier gespaart.
Eng Déviatioun gëtt sur place ausgeschëldert.
D’Busser vum RGTR ginn iwwer Manternach ëmgeleet. Den Arrêt Berbuerg – Kierch gëtt an där Zäit net ugefuer.
________________________________
En raison de travaux forestiers, le CR135 entre Wecker et Berbourg sera barré à toute circulation
du lundi 13 au jeudi 16.02.2023.
Une déviation sera indiquée sur place.
Les bus du RGTR seront déviés Manternach. L’arrêt Berbourg – Eglise ne sera pas desservi.
par Claire Pierret | 7 Fév, 2023 | Non classifié(e)
Energiesparen leicht gemacht
Energie zu sparen bedeutet, an einer gemeinsamen nationalen Mission mitzuwirken. Angesichts der angespannten geopolitischen Lage ist Handeln von uns allen gefragt. Dank Enovos und seinem Energieeffizienzprogramm enoprimes stellen wir allen Bürgern unserer Gemeinde gratis Energiespar-Sets zur Verfügung.
Enovos und enoprimes sind Partner unserer Gemeinde, um Ihnen beim Energiesparen zu helfen: Kommen Sie Ihr Energiespar-Set bei der
Gemeindeverwaltung vom 20.02.2023 bis zum 20.03.2023 abholen. Mit diesem Set können Sie jährlich bis zu 59 m3 Wasser, 3.706 kWh Energieverbrauch und 329 kg CO2 sparen (entspricht dem durchschnittlichen Verbrauch eines 4-Personen-Haushalts).
In Ihrem Briefkasten finden Sie ein Formular zur Abholung Ihres Energiespar-Sets. Füllen Sie dieses aus, holen Sie sich Ihr Set ab und sparen Sie Energie.
Sie möchten noch mehr Energie sparen? Informieren Sie sich über enoprimes, ein Programm, das Sie finanziell bei Ihren Renovierungsarbeiten unterstützt (
www.enoprimes.lu).
Und dank der Tipps von Enovos kann Jeder auch mit kleinen Handgriffen Energie sparen.
Faire des économies d’énergie, c’est facile
Économiser de l’énergie, c’est participer à un effort collectif national. Dans un contexte géopolitique tendu, c’est à nous tous d’agir. Grâce à
Enovos et son programme d‘efficacité énergétique enoprimes, nous mettons gratuitement à la disposition de tous nos concitoyens des kits d’économie d’énergie.
En effet, Enovos, avec son programme d‘efficacité énergétique enoprimes, est partenaire de notre commune pour vous aider à économiser de l’énergie : venez chercher votre kit d’économie d’énergie à l’Administration communale du 20.02.2023 au 20.03.2023. Grâce à ce kit, vous pourrez économiser jusqu’à 59 m3 d’eau, 3 706 kWh de consommation d’énergie et 329 kg de CO2 chaque année (ce qui correspond à une consommation moyenne d’un foyer de 4 personnes).
Vous trouverez dans votre boîte aux lettres un bon pour votre kit d’économie d’énergie. Remplissez-le, venez chercher votre kit et économisez de l’énergie.
Vous souhaitez économiser encore plus d’énergie ? Renseignez-vous sur enoprimes, un programme qui vous soutient financièrement dans vos travaux de rénovation (
www.enoprimes.lu). Et grâce aux conseils d’Enovos, nous avons tous le pouvoir de faire des économies d’énergie.
par Claire Pierret | 6 Fév, 2023 | Non classifié(e)
par Claire Pierret | 19 Jan, 2023 | Non classifié(e)
Invitatioun / Invitation
Mir invitéieren iech häerzlech op d’Ausstellung vum Fotosprojet „Summer 2022“.
Vous êtes cordialement invité à l‘exposition du projet de photos « Été 2022 ».
Fr./Vend, 03.02.2023 – 19:00 – 21:00 Auer/heures
Sam./Sam, 04.02.2023 – 10:00 – 13:00 Auer/heures
Am/au Centre Kräizstrooss, Lellig, 6A, Duerfstrooss.
De Schäfferot / Le collège échevinal,
Jean-Pierre HOFFMANN, Buergermeeschter/Bourgmestre,
Alix KLEIN-UNGEHEUER a Claude THEISEN, Schäffen/Échevins
par Claire Pierret | 19 Jan, 2023 | Non classifié(e)
De Schäfferot deelt mat, dass
Mëttwochs, den 1. Februar 2023,
um 19.00 Auer am Centre Culturel
Beaurepaire,1, Schullstrooss zu Berbourg, eng Presentatioun zu de Resultater vun der Staarkreen-Etude an der Gemeng Manternach stattfënnt.
Dir sidd häerzlech agelueden un dëser Reunioun deelzehuelen.
Le Collège des bourgmestre et échevins vous informe qu’une réunion d’information concernant les résultats du concept des risques liés aux crues subites dans la commune de Manternach aura lieu mercredi, le 1er février 2023, à 19.00 heures au Centre culturel Beaurepaire, 1, Schullstrooss à Berbourg.
Vous êtes cordialement invités à participer à cette présentation.
Der Schöffenrat / Le Collège échevinal
Jean-Pierre HOFFMANN
Alix KLEIN-UNGEHEUER
Claude THEISEN
par Claire Pierret | 10 Jan, 2023 | Non classifié(e)
par Claire Pierret | 24 Nov, 2022 | Non classifié(e)